Start Saison 2020
Endlech ass et esou wäit, de Site vum CNL ass prett, fir datt dir kennt Waasserski, Wakeboard, Surfen, Barefoot, Boot, … fueren kommen. Fläisseg Hëllfer hunn de Ponton gefléckt an de Site startkloer gemaach.
Wéinst der aktueller Situatioun hu mir awer och e puer Aschränkungen, déi mir iech bieden ze respektéieren.
Ennert dem folgende Link fannt dir d’Reegelen, wéi een sech um Site vum CNL soll behuelen. CNL Covid Reegelen
Zousätzlech fannt dir och nach déi Reegelen, déi d’Federatioun vum Waasserski opgestallt hutt an déi och ze respektéieren sinn. Covid Reegelen Federatioun
Wann dir wëllt fuere kommen, bieden mir iech, iech bei engem vun de Comitésmemberen unzemellen, fir datt mir Zäiten kenne plangen, wéini wien un der Reih ass, fir datt nit zevill Läit sech an de Féiss sinn.
D’Traininger sinn emmer folgend Deeg:
- Waasserski: Dënsdes vun 18h-20h, duerfir mellt iech w.e.g beim Jeff Bidinger (+352 691 668831).
- Wakeboard: Mëttwochs mam Val, duerfir mellt iech w.e.g. iwwer Facebook oder beim Ben (+352 691 1706052).
Merci fir äert Verständnis, an ob eng flott Saison 2020.
Saison 2020 | COVID-19
Wéinst der aktueller Situatioun (COVID-19) kann de Site wahrscheinlech nit wéi geplangt, den 25. Abrëll 2020, opgeriicht gin. Och déi aner geplangten Aktivitéiten bleiwen ze confirméiren.
Esoubal eis Regierung et erlaabt, werte mir esou schnell wei méiglech opriichten an dann hoffe mir datt dir zu vill disponibel sidd fir ze hellefen. Och wann dat méi spontan ass.
Merci fir äert Verständnis!
Wichteg Datumer Saison 2020
- Opriichten: Samsdes, den 25.04.2020 um 10:00 um Site
- 1te Mee: Freides, ab 10:00 um Site mat Mëttes Grillen
- Training: an der Saison all Meinden oder Dënsden
- Coupe Wakeboard 2020: Samsdes, den 19.09.2020 um Site vum CNL
- Oofriichten: leeë mir nach fest
- Oofschlossiessen: leeë mir nach fest
Saison 2019 steet firun der Dier
Dat laangt warden geet endlech op en Enn! D'Saison 2019 steet endlech firun der Dier an mir zielen schon Deeg bis et endlech lass geet.
Hei scho mol e puer Datumer fir den Ufank vun der Saison 2019:
- Den 27.4 riischten mir den Site um 10:00 op.
- Den 1.5 maachen mir rem ee Meekranz op eiser traditioneller Platz (fir déi wou net wëssen wou et ass, mellt Ierch am beschten per PN iwwer Facebook bei eis). Dono gin mer zesummen bei den Hafen den Kranz ophänken. Anschließend geet et bei eis op den Site wou mer Mëttes zesummen grillen.
Stay tuned, an op eng erfollëgräich Saison 2019!
TIMO Wakeboard Trophy - 30. Juni 2018
An e puer Deeg as et sou wäit ... den Tigé Trophy steet an den Startlächer. Als Virgeschmach op desen Dag ee klengen Video vun eisem Site op Facebook.
Vill Spaaß beim kucken ![]()
Hi guys, in only a few days the second edition of our Tigé Trophy (Ride for Timo) takes place at the CNL clubsite in Bech-Kleinmacher. Here a little teaser of our clubsite on Facebook.
Enjoy ![]()
https://www.facebook.com/CNL-waterski-Bech-Kleinmacher-231865920195701/
D'Saison 2017 ass gestart
Et ass sou lues méi waarm gin an an den Zeiwen huet et nees gekribbelt fir op d'Schi, resp. op de Wake, ze klammen. Et war also héich Zäit fir de Site fir déi nei Saison ze preparéieren. Bei flottem Wieder hunn sech dann och eng yet Memberen Enn Abrëll afonnt fir alles opzeriichten. Deen éischten Dag um Site fir des Saison war och direkt ee gelongen Event an huet d'Loscht op déi nei Saison nach verstäerkt. D'Bud ass ausgepaakt, d'Wiss geméint an de Penton am Waasser...et kann also erëm lass goen!

