Et ass sou lues méi waarm gin an an den Zeiwen huet et nees gekribbelt fir op d'Schi, resp. op de Wake, ze klammen. Et war also héich Zäit fir de Site fir déi nei Saison ze preparéieren. Bei flottem Wieder hunn sech dann och eng yet Memberen Enn Abrëll afonnt fir alles opzeriichten. Deen éischten Dag um Site fir des Saison war och direkt ee gelongen Event an huet d'Loscht op déi nei Saison nach verstäerkt. D'Bud ass ausgepaakt, d'Wiss geméint an de Penton am Waasser...et kann also erëm lass goen!