Haut waren Nationals souwuel am Wasserski wéi och am Wakeboard hei zu Lëtzebuerg. An souwuel zu Rouspert wéi och zu Grevenmacher hunn mir desto Joër uerdentlech ofgeraumt.
Als éischt de Wasserski:
Céline an de Jeff Bidinger wéi och den Dany Schmit hunn an hiren Disziplinnen exzellent Resultater geliwwert.
Céline ass Landesmeeschterin bei den Damen am Slalom wéi och am Trickski.
De Jeff huet och top Resultater erreecht mat senger drëtter Platz am Slalom an engem Championstitel am Trickski.
Zu gudder Lescht huet den Dany nach eng top drëtt Platz beim Slalom an beim Trickski erreecht.
Zudeem gratuléieren mir dem All Girst fir den Championstitel am Slalom.
A punkto Wakeboard huet de Ben Thill de Championstitel bei de Männer zu Grevenmacher gewonnen.
Mir gratuléieren eise Rider fir déi 4 Championstitel an insgesamt 7 Podiumsplatzen bei den Nationals am Wasserski/Trickski an Wakeboard.