Opriichten 2023: Samschden den 29. Abrëll 2023
E Samschden, 29. Abrëll ass et endlech rëm sou wäit an Saison 2023 kann no deem naassen Mäerz an Abrëll sou richteg starten. Éier mir awer rëm déi flott Deeg an Owender zesummen um Site verbrénge kënnen, muss de Site erëm op Héichglanz poléiert gi. De Wuess muss geméint, Clubsbuud entrümpelt a gebotzt, de Ponton an Waasser geluecht, Waassersportsmaterial vum Späicher erofbruecht gi, a villes méi. Ausserdeem gëtt deen Dag eist Boot an Waasser gezappt. Dofir brauchen mir souvill wéi méiglech Hänn déi eis hëllefen kommen fir dass alles prett ass.
Dofir treffen mir eis alleguer ab 10 Auer um Site vum CNL zu Bech-Maacher.
1. Mee 2023:
Direkt nom Opriichten geet et dann och schonn sou richteg lass mat den Evenementer. Matt den éischte Rendezvous deen mir eis all Joers gi, ass den 1. Mee wou mir all zesummen am Welleschter Bierg an der Kéier e Meekranz maachen, deen mir dono an den Hafen ophänke ginn. Dono fueren mir dann op eise frësch opgeriichte Site fir zesummen eppes ze grillen an e flotten Mëtten ënnerteneen ze verbréngen. Fir Mëttegiessen soll jiddereen säin Gegrills a Gedrénks matbréngen, wéi och eenzel Zaloten an Desserten.
Treffpunkt ass hei um 10 Auer am Welleschterbierg an der Kéier wann een erof Richtung Welleschteen fiert.