Stage Jeunes 2015
Déi 5. Editioun vum Stage Jeunes um Site vum CNL zu Bech-Maacher haat et rem a sech. Vill Spass haaten eis Nowuessportler bei deenen verschiddene Waassersportaktivitéiten, egal op mam Wakeboard, mam Monoschi oder mat den traditionelle Waasserschi. Fir gudd Laun huet neewt dem Waassersport och een ofwiesslungsräiche Programm gesuergt. Op Volleyball, Schwammen, Lafen, Velostouren oder de Besuch beim Imker... et war fir jiffereen eppes derbei. Spannend war natierlech och rëm d’Iwwernuechten an den Zelter um Site. Mir freeën eis schon op deen nächsten Stage Jeunes. Bis d‘nächst Joer! E puer Fotoen.
4. Stage Jeunes 2014
4. CNL - Stage Jeunes 2014
COMPLET!!!!
Mettwoches 23.07.2014 18:00
bis Samsdes 26.07.2014 12:00
zu Bech-Maacher
um Site vum CNL
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Infos Saison 2014
Gläich geet d‘ Saison 2014 op der Musel rëm lass, dofir hei e puer wichteg Datumer:
- Opriichten 2014: Samschden 12.04.2014 ab 10 Auer
- 1. Mee 2014: ab 10 Auer am Welleschterbierg an der Kéier
- Stage jeunes 2014 vu Mëttwoches 23.07.14 bis Samsdes 26.07.2014 inclus
- Oofriichten 2014: Samsdes den 04.10.2014 um 10:00 um Site
- Closing 2014: Samsdes den 15.11.2014 um 19:00
3. CNL - Stage Jeunes
Mir invitéieren déi jonk Waassersportbegeeschtert op Bech-Maacher op eis 3. Editioun vum
CNL - Stage Jeunes
vu Mëttwochs de 24.07.2013 ab 18 Auer bis Samschdes den 27.07.2013 um 12 Auer.
Méi Informatiounen hei: CNL - Stage Jeunes 2013
Authorisation parentale hei: Authorisation parentale
Den 3. CNL Stages Jeunes ass ausgebucht.
Héichwaasser um Site vum CNL
Den 22. Mee 2013 ass de Pegel vun der Musel vu Stonn zu Stonn sou héich geklommen, dat am Nomëtteg d’Boot huet missen vum Penton lass gemeet, an an den Hafen bruecht ginn. Den 23. Mee huet sech d‘ Laach rëm berouegt, mee mir mussen de Pegel awer am Ae behalen. E puer Fotoen
1. Bus Pulling bei Voyages Vandivinit - Den CNL beleet déi éischten Plaatz!
Am Kader vun der Porte Ouverte de 9. Mee bei Voyages Vandivinit konnten Veräiner bei engem 'Bus Pulling' mat maachen. Den 1. Präis, en Dagestripp fir 50 Leit an engem 400 km Ëmkrees goung un eng Equipe vum Club Nautique du Luxembourg. Si hunn den 11,6 Tonnen schwéieren Bus op 12 Meter Distanz an 12,85 Sekonnen aus dem Stand eraus gezunn. Och déi aner zwou Equipen vum CNL hu bei dësem Wettbewerb eng gutt Figur gemeet. E puer Fotoen