Saison 2019 steet firun der Dier
Dat laangt warden geet endlech op en Enn! D'Saison 2019 steet endlech firun der Dier an mir zielen schon Deeg bis et endlech lass geet.
Hei scho mol e puer Datumer fir den Ufank vun der Saison 2019:
- Den 27.4 riischten mir den Site um 10:00 op.
- Den 1.5 maachen mir rem ee Meekranz op eiser traditioneller Platz (fir déi wou net wëssen wou et ass, mellt Ierch am beschten per PN iwwer Facebook bei eis). Dono gin mer zesummen bei den Hafen den Kranz ophänken. Anschließend geet et bei eis op den Site wou mer Mëttes zesummen grillen.
Stay tuned, an op eng erfollëgräich Saison 2019!
TIMO Wakeboard Trophy - 30. Juni 2018
An e puer Deeg as et sou wäit ... den Tigé Trophy steet an den Startlächer. Als Virgeschmach op desen Dag ee klengen Video vun eisem Site op Facebook.
Vill Spaaß beim kucken
Hi guys, in only a few days the second edition of our Tigé Trophy (Ride for Timo) takes place at the CNL clubsite in Bech-Kleinmacher. Here a little teaser of our clubsite on Facebook.
Enjoy
https://www.facebook.com/CNL-waterski-Bech-Kleinmacher-231865920195701/
D'Saison 2017 ass gestart
Et ass sou lues méi waarm gin an an den Zeiwen huet et nees gekribbelt fir op d'Schi, resp. op de Wake, ze klammen. Et war also héich Zäit fir de Site fir déi nei Saison ze preparéieren. Bei flottem Wieder hunn sech dann och eng yet Memberen Enn Abrëll afonnt fir alles opzeriichten. Deen éischten Dag um Site fir des Saison war och direkt ee gelongen Event an huet d'Loscht op déi nei Saison nach verstäerkt. D'Bud ass ausgepaakt, d'Wiss geméint an de Penton am Waasser...et kann also erëm lass goen!
Nationals am Wakeboard
Sonndes den 18.09.2016 waren um Site vum CNL d'national Meeschterschaften am Wakeboard.
Ennert den 33 Participanten waren och 11 Memberen vum CNL dabei.
D'Resultater loossen sech weisen :-) BRAVO !!!
Ee grousse Merci och un eis Memberen déi flaisseg beim Encadrement gehollef a fir Iessen a Gedrenks gesuegt hunn.
Fakellaf vun den Déifferdenger Pompjeeën
Am Kader vun de Festivitéiten 125 Joer Déifferdenger Pompjeeën / 26 Joer Déifferdenger Jugendpompjeeën, gouf en Donneschden 16.Juni 2016 um 10 Auer vum Déifferdenger Asazzenter aus de Fakellaf lancéiert. Et war e Staffellaf vu 4 Deeg, vu ville Corpse vun de Pompjeeën, mat der olympescher Fakel vun London 2012, zu Fouss, mam Vëlo, mam Moto, mat amerikaneschen Oldtimer a souguer mat engem Motorboot, bis d'Fakel de Sonnde Mëtten um 15 Auer op der Déifferdenger Maartplaz um Floriansfest ukomm ass.
Duerch di staark Stréimung hunn di Wuermer Pompjeeën d'Fakel per klengem Boot op Briedemes bei d’Schléiss bruecht fir d’Iwwerreechung vun der Fackel. De Jeff ass dunn vu Palzem riicht duerch bis wäit hannert den Schwéidsbenger Hafen op senge Sprangski mat der Fakel gefuer.
Zu Schengen gouf dunn d’Fakel ënnert extremer Stréimung op deen neie Pavillon iwwerginn.
Mission accomplie:-)
Flott Fotoe fannt dir hei.
6. CNL Stage Jeunes 2016
6. CNL - Stage Jeunes 2016
Mettwoches 20.07.2016 18:00
bis Samsdes 23.07.2016 12:00
zu Bech-Maacher
um Site vum CNL
Fir Umeldung oder Informatiounen mellt iech op: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.